Aqua-Virus
11.07.2003, 12:28
Dei preisen an hir neit Jugendschutzgesetz.
Totalen blödsinn, froen mech waat sie sech dovun verspriechen. All Actionfilm get gekierzt wann och nemmen en bessen Blut gesäit. Kucken keen actionfilm mei wann eT Zone 2 ass.
An dei dei spiller.All spill get lo kontrolleiert an wann et en bessen zu brutal as däerf et net verkaaf gin.
:confused:
Ma dann behalt ären Dreck. ech kaafen so ball keng deitsch filmer mei
Piwitsch
11.07.2003, 12:58
Ganz Recht hues de! Bei den Computerspiller ass et zum Beispill och net ganz aanecht!
Mä ech muss sie awer do an Schutz huelen! Ok mir empfannen dat vläit als maasslos iwerdriwen mä sie hun eben do aaner Prinzipien wéi mir! Ech fannen dat awer ganz richteg datten sie doran stur bleiwen! Zensur ass bestemmt näicht Negatives an villen Punkten! An wéi gesot et kann een hir jo locker aus dem Wee goen...
ZurfCowboy
11.07.2003, 16:36
Nei ass daat gesetz jo net. ech fannen et jiddefalls bessen iwwerzunn, zumols wou dach esou saachen wei jackass um fernseh lafen. se sollten mol bei sou saachen ufänken.
dei meescht deitsch dei u filmer oder spiller kommen wellen, bestellen se souwisou am äusland. vun dohir ass daat net d´leisung....
Piwitsch
12.07.2003, 16:03
D'Léisung secher net! Mä ech stellen mer dat ongeféier esou fir wéi mam Konsum vun liichten Drogen! Ech mengen den den der wellt kennt och hei am Land drun! Mä et ass eben eng Prinzipien Sach andems d'Gesetz net ännert sou wéi eis Kollegen aus Holland et gemach hun!
Et geet em den Prinzip! Méi net! An ech ennerstetzen verschidden Prinzipien voll a Ganz (den Contraire natirlech och) well ouni Prinzipien sin mer net wäit vun enger Anarchy eweg! Dat ass secher net d'Léisung!