Hun lo mol d'YellowBoys vun Weiler kontakteiert fir gint hier Espoirs zespillen. Hoffen dei hun zait fir nach een match gint eis virun der Wanterpaus! Ass natiirlech ken liiten Geigner, mais och dei sin zepacken!! ;)
ZurfCowboy
30.10.2003, 11:24
wonnerbar, musse mer just nach e passenden datum fannen.
ass net och nach e match geint d´bohemians dran?
jo natiierlech spille ma och rem gint eisen berühmten "Angschtgeigner" d'Bohemians!
Souwisou mengen ech dass ma regelmeisseg (also lo net grad all Woch..) gint d'Bohemians Lalleng an den FC Hoffnung spillen... Teschenduerch get awa och gint VarainsGeigner gespillt, well souvill Fraizaitequipen kennen ech nach net hei am Land..... ;):cool: :) next joer get vlait och mol een internationalen Geigner gesicht :D
ZurfCowboy
30.10.2003, 14:29
majo, daat klengt jo gudd!
international geigner diirfte jo net schwéier ze fannen sin. dei seit der musel gett jo och fussball gespillt.
wei steet et eigentlech matt engem match geint eng assurance, oder eng bank?
Majo dei Bank gint dei ech virun 2,3 joer gespillt haat mat enger "KollegenEquipe" dei spillt anscheinend net mei oft zesummen, froen awa iergentswann na eng keier no.
D'Axa huet och eng Equipe. Hun just keng relatiounen, den Seaman (eisen Betreuer) haat do 1 joer laang geschafft, vlait kritt hien daat andrei :confused:
Mais Geigner hun ma genug, FC Hamm 2/3 well och eng keier eng Revanche soot den Jeannot mir.
Ass just alles eng fro vun der Zait...
TurboHues
03.11.2003, 23:08
Ee Match zu Weiler-la-Tour wier relax, dann geif ech e klengen Fanclub organiseiren well ech kennen e puer Leit vun Weiler respektiv Haassel, wunnen jo schliesslech am Nopeschduerf. Do kommen Erennerungen op wou mer engkeier mat de Wuermer Scolaires zu Weiler 2-0 gewonn haaten, dat sin schon Eiwegkeeten hier, mett 80er Joeren mengen ech :D. Jo dat wueren nach Zaiten :p
Majo haat grad main Ex-Trainer ugeruff, deen traineiert lo scolairen vun Weiler, deen mecht eis den Match gint Weiler Espoirs an d'Rei... Entweder eng keier Mettwochs owes am November...
Mais normalerweis raischt kuerz nom 15.Dezember!!
TurboHues
08.11.2003, 01:16
Anscheinend hun Weiler Espoirs an der leschter Klass nach all Match verluer! Anscheinend ass den Gilles am Goal an den Metti am Stuerm. Dat get easy Game :cool: :prost: :prost2: :nuts:
??? :confused:
Waat schwätzt du do, Weiler ass mettelmoos an der 3. Divisioun bei den Espoirs!
Hun secherlech NET all match verlour!!
an easy game get et och NET!!
Weiler an Mondorf hun eng Entente bei den Espoirs..an den Carlos Dos Santos ass do Golkeep... rem zevill Beier geschott Turbohuesi?? :D :p
---> ps. Resultater vun den Espoirs an Tabelle sin all Meindeg am Letzebuerger Wort op der Sportssait no den Tabellen vun den Réserves-Equipen!!! :cool:
ZurfCowboy
08.11.2003, 14:39
ey de carlos dos santos war 3 joer bei mir an der klass!!!
déck cool, hien ass e feine kärel
freen mech op de match
TurboHues
08.11.2003, 16:44
waat erzielt de beemchen mir dann do!? :confused::rolleyes::mad: