ZurfCowboy
16.07.2003, 22:24
Mech intresséiert wou dir äer sou äer summervakanz verbréngt.
gidd dir vill suen äus, a flitt weit mam fliiger, oder hudd dir eng gudd affaire gemat?
bleiwt dir doheem um balcon, oder hudd dir iwwerhabt keen congé?
ZurfCowboy
16.07.2003, 22:30
majo d´linda an ech mir hu welles zelten ze goen. haut hu mir eis en zelt kaf an hun och schon puer accessoiren.
mir wessen awer nach net genau wouhin mer gin. eventuell frankreich.
desweideren hu mir och welles eis aalstaad mol rem nees nei ze entdecken. e rondgang duerch de gronn, d´aalstaad, d´casematten an de rescht vun eiser scheiner staat misst bei guddem wieder dach super sin.
vläit well jo een vun iech matt an d´staat goen.
also, elo ass et un iech. wouhin geet et????????
Piwitsch
24.07.2003, 16:13
Nuje mir haten do jo eppes geplangt gehat mä...
Fueren awer nach mat den Providers fort eng Woch lang an dat elo geschwen! Fir den Recht kucken ech mol nach! Bessen improviséieren fir net drun ze denken wou ech hätt missen sin an mat wem...
yupiii en meinden as et esou weit dann fueren den klot an ech fir 5 deeg an d'vakanz! sin deck frou =)
mer gin an d'daitschland ob een camping(am schwarzwald!)
mol kucken ob daat eppes gett =)
LuckyLuc
25.08.2003, 09:23
1.-5.9. Stockholm an e bëssi Schweden.
Vum Flughafen Hahn aus kascht de Vol 32,15 Euro all inclusive!! Wien sech dee laanscht d'Nues goe léisst as selwer schold! Fir de Rescht woare mer schon op Schalke, op Freiburg (an op Tréier) de Fussball kucken am August, wat jo och e bessi Vakanz as.
ZurfCowboy
30.08.2003, 13:33
schein war et am schwarzwald. iwwerraschenderweis waren do mei englänner wei hollänner. mee lo si mir gudd erholl.
yessssssssssssssssss...so crazy...
daat keint een och vun eiser vakanz soen!
dei wor wierklech cool!5deeg woren den klot an ech zesumen fort an et wor wierklech eng vun denen beschten vakanzen aus mengem liewen!
merci maus.