LuckyLuc
06.10.2003, 12:26
As an der Sneak gelaf. Dee schlechste Film deen ech, mengen ech, je am Kino gesin hun! As och guer mäi Stil vu Film! Nodeems ech de Virspaan virdrun eng Kéier gesin hat, an décidéiert hat dee Film net kucken ze goen, hun ech am Ufank iwwerluet fir aus dem Sall erauszegoen. Well mer awer zu 6-7 do souzen, wollt ech awer net eleng goen. Dun hun ech mer dat Ganzt ronn eng hallef Stonn ugekuckt a dun spontan décidéiert einfach mol de Rescht vum Film déi verlueren Nuetsroustonnen nozehuelen, wat mer bis zum Enn vum Film och mat e puer Intermezzoen gelongen as! Jiddereen dee bei mer an der Géigend sutz huet mer och absolut recht gin mat mengem Urteel.
3,4 % (well ech dat jo probéieren objektiv ze maachen an och nie eng "100" wäert verdeelen)
3,4 % (well ech dat jo probéieren objektiv ze maachen an och nie eng "100" wäert verdeelen)