Vollständige Version anzeigen: Köln - Gott an d`Welt - ZurfCowboy-Online



Piwitsch
30.05.2003, 04:52
Klot Sorry mä ech muss dech elo bessen steppelen well ech wees dass du jo sou en Köln-Fan bass an ech haut do war an ech muss dat elo einfach lass gin!

Déi Staat ass einfach dat Allermannst! D'Weer sin gezeechent wéi en Arsch! An dat ass net well ech keen Orientéirungssenn hun oder ech keng Kart liesen kann! Nee dat ass einfach esou an ech sin gär bereed eng Kéier mat dir erop ze fueren an der den Beweis ze liweren! Zur gläicher Zäit kennen mer eng Kéier München besichen als Beispill wéi een dat richteg misst machen fir datten och Touristen wéi mir rem heem fannen! Dann ass déi Staat nach relativ knaschteg an et sténkt (also mol an der Géigend vum HBF/Dom)! Furchtbar! Wirklech ruppeg! An den allerläschten Wouscht vun Leit dreiwen sech do ronderem! Och do sin ech gär bereed dech eng Kéier iwert den Münchner HBF ze féiren fir der ze weisen datt een dat och propper haalen kann!

Ech muss allerdéngs och dozou soen datt ech just fir een Daag do war! Mä et war net déi éischt Kéier wou ech do war! Ech hun och villäit des Kéier en ganz schlechten Androck matgoen geloos an déi gudd Säiten net sou! Gudd ass nämlech datt et mettlerweil och en Hard Rock Café do get an datt d'Anke Engelke bereed war mat op eng Photo ze goen :)

Sou mä dat huet mol missen gesot sin! Wéi gesot ech sin gär bereed der eng Kéier der eng schéin däitsch Groussstaat ze weisen!
[size=small]

[Editiert durch Piwitsch ein Freitag, Mai 30, 2003 @ 04:54][/size]
ZurfCowboy
31.05.2003, 19:33
datt et schlecht gezeechend ass, domatt kann ech liewen, an domatt gin ech der recht.

datt et sténkt, naja, daat mecht et an all groussstaat bei waarmem wieder (paräis, mompes, letz, asw.)

ech kann dir suguer nach soen datt d´parkheiser ze köln och scheiss sin.

an dann? mir hun eis ze köln emmer rem fonnt, mir sin nach nie do bliwwen an haten eist ziel emmer errescht.

btw: ech war och schon ze münchen. daat ass eng ganz schein staat. mee och do ass net alles gold waat glänzt
[size=small]

[Editiert durch ZurfCowboy ein Samstag, Mai 31, 2003 @ 19:34][/size]
Piwitsch
01.06.2003, 00:32
Dat ass richteg mä eppes wat ech un enger Groussstaat immens schätzen ass eben wann een och mat 1000 Euro an der Täsch Owes kann durch kleng Gaassen goen ouni mussen ze färten! Ok et ass een néierens 100% secher mä wann een minimum datt Gefill schon huet secher ze sin dat ass schon vill wert! An ech muss soen datt Gefill hat ech zu Köln net!
Piwitsch
01.06.2003, 00:39
Ech hun dat hei och geschriwen mat dem Hannergedanken un déi Diskussioun déi mer eng Kéier haten iwert dat wat eist Fussball-Fan-Sin ausmecht! Also iwert dat Ronderem!
ZurfCowboy
01.06.2003, 12:04
wann et mir eenzeg an elleng em d`staat geing goen, da wär ech net köln fan mee iergend eppes anescht.

mir geet et drem. e club muss no sin, d`spiller mussen sympathesch sin (waat ech am moment u köln allerdengs net fannen) an de club muss an der staat ugesin sin.

also wei ech ugefaangen hun zu köln ze halen, 1990, also groussen illgner, litti, kohler an hässler fan louch köln op der hand.
köln ass 2-3 stonnen vu letzebuerg wech. an deen bereich fällt soss just nach gladbach, lautern, nanzeg, metz an frankfurt.

ech hu keen richtegen bezuch zu engem club den e ganzen autosdaach vu mir wech ass. ech ka lo soen, ech sin liverpool fan. daat stemmt och. mee et ass net den bezuch den ech op köln hun. et ass daat rondrem eben. köln ass eng weltstad an awer huet et duerfcharakter. an daat ass et. ech keint jo och zu dortmund oder bayern halen. nemmen wei vill milliounen anerer, dei net matt höhen an tiefen eens gin.

e fussballclub ass mei wei de fussballclub elleng. do geet et em vill mei. an ech fannen datt e club bessen e liewen remspigelen soll. et geet biergop an et geet biergoof. heinsdo geet et mei biergoof wei biergop. an dann? that`s life.

köln spillt 2. liga an huet all match äusverkaaften
buud. flott. ze münchen wär daat net.

iergendwann gett jidderengem bewosst datt een matt suen net alles kafen kann.
Piwitsch
02.06.2003, 01:00
Domat sin ech jo voll a ganz averstan! Mä ech verstin net firwat keen aktzeptéiren well datt een Bayern-Fan aus net manner Grenn kann sin! Wisou sollen Bayern-Fans net kennen mat Höhen an Tiefen emgoen? Virurdeel! Oder kenns du Milliounen Bayern-Fans perséinlech wous du dat anhand vun denen beweisen kanns!? Et get emmer nemmen gesot an spekuléiert! Ech soen jo och näischt dogéingt dass du bei engem Club den op esou engem Niveau spillt warscheinlech vill "Fans" hues déi just gäil op Gewannen sin déis de bei aaneren Veräiner villäit keen een hues aus dem ganz einfachen Grond well se nie gewannen!

En Fussballsclub soll och net nemmen d'Liewen eremspigelen! Geet et net och em den Sport? An wat get et méi Gäiles fir d'Leeschtung vun Leit déi an hirer Diziplin eppes ereecht hun ze bewonneren! An och do geet et biergop an biergoof! Just op engem aaneren Niveau! Ausserdem ass et minimum genee esou schwéier fir säin Niveau ze halen wéi fir sech eropzeschaffen! Du kanns vill schaffen fir weiderzekommen! Mä ierjendwann ass Schluss dann geet et net méi weider! Du kämpfs villäit net méi fir déng Existenz! Mä du kämpfs fir däin Ruff! An wann et elo géing joerelang hannerteneen biergoof géing goen dann kämpfs de villäit rem fir déng Existenz! Firwat ass Köln déi eng 4.Plaaz an der ewiger Tabelle beleen ubemol 2-klasseg gin? Oder wéi ass dat iwerhaapt komm datten se esou héisch klasséiert sin? Dann haten se wuel eng Kéier méi Suen nee? Aaneschters kann et jo wuel net sin wann z.B. Bayern den Erfolleg hiren Suen verdankt! Et ass jo och net ganz falsch! Mä Bayern hun och net ubemol d'Suen um Buedem fonnt (wéi kommen ech elo dorop? :) )!

Sin Köln-Fans elo déi besser Fussballfans well sie dofir suergen datt bei all Match ausverkaaften Buud ass? D'Fans spigelen och hiren Veräin erem! Stemmt! An dat ass wat Bayern schlecht do stoen léist! Mat esou vill Fans dirwt dat jo och nie firkommen datt nach eng Plaaz an dem Stadion fräi ass! Mä dann fro emol Fans vun Bayern firwaten se net an den Stadion gin! Du héiers méi wéi mat 100%er Secherheet: Et ass ze wäit! Et ass ze deier! ... An wann ech dech elo froen als Köln-Fan firwat dass du net all Match dohinner firs an déi Staat un déi dech esou vill bend sees de mer och z.B.: Ech hun keng Zäit well ech op d'Uni gin... An trotzdem zweifelt keen un déngem echten Fussball-Fan-Sin! Mä bei Bayern heescht et direkt dat sin keng richteg Fans! Punkt!

Ech verstin dat op alle Fall nach emmer net! Also firwat Bayern anscheinend Schold ass um Welthonger! Op alle Fall wann ech "Stern des Südens" sangen ass et wéi wann ech "Ons Heemecht" sangen géing!
[size=small]

[Editiert durch Piwitsch ein Montag, Juni 2, 2003 @ 01:00][/size]
ZurfCowboy
02.06.2003, 10:26
also ech bewonneren op kee fall dei fussballspiller weinst hirer disziplin an hirer leeschtung.

do probeiren ech leiwer da meng perseinlech sportlech zieler ze erreschen an mech herno selwer ze bewonneren.

ech denke mer just datt fussball ze sin eng charaktersaach ass. net mei an net manner.
wanns de dann verschidden leit schwetzen heiers, da wees de vu waat ech schwetzen.
ZurfCowboy
14.06.2003, 15:06
hei ass den topic...

wer suchet, der findet
- Modified by Octane Software Development | More vB Archives